Fir wat sti mir ?
D'Zill vun LiewenDoheem ass et, eise Senioren ze erlabe ganz laang bei sech doheem liewen ze bleiwen, mat aller Sécherheet a Komfort, an net brauchen an een Altersheem ze goen.
Mir ginn och de Familljen d’Garantie, datt hir Léifst ëmmer a gudden Hänn sinn.
Déi professionell Kompetenz vun eiser Ekipp vu Familljen-Betreierinnen an déi breet Erfarung, déi sech d’Grënner vu LiewenDoheem, a ganz verschiddene Déngschtleeschtungsberäicher, opgebaut hunn, maachen aus eiser Firma e wichtegen Acteur an dësem neie soziale Secteur.
Fir eis Clientë wielen a verwalte mir d’Familljen-Betreierinnen esou datt hir Déngschtleeschtungen engem héije Beruffsstandard entspriechen. Duerfir hält eis Aarbecht net domat op, d’Betreierin bei der Dir vum Client ofzesëtzen. Ganz am Géigendeel, fir eis ass jidderengem Client seng Situatioun individuell a brauch eng ugepasste Planung a Verwaltung, mat reegelméissege Qualitéitskontrollen.