Haut liewen eis Senioren am allgemenge besser, si suerge sech ëm hir Gesondheet a wëlle léiwer bei sech doheem, an hirem sozialen Ëmfeld liewe bleiwen, wéi an een Altersheem ze goen.
Mir bidden Iech déi Déngschter un déi Dir siicht fir bei Iech doheem, an aller Selbststännegkeet, mat allem Komfort a Sécherheet, liewen ze kënnen.
Eis Familljen-Betreierin lieft bei Iech an ënnerstëtzt Iech do an da wann Dir si braucht :
Et ass net esou einfach, eng friem Persoun a sengem Doheem zu hunn. Aus deem Gronn wiele mir eis Familljen-Betreierinnen net nëmmen no hirer berufflecher Qualifikatioun aus, mä och an deem mir hir Fäegkeeten zum sozialen Ëmgang mat eelere Leit mat an d’Betruechtung huelen.
Mir couvréiere 24 Stonne mol 7 Deeg fir eise Clienten de Komfort an déi Sécherheet ze bidden, déi si brauchen.
Mir si komplementar zu de spezialiséierte paramedezinesche Fleegedéngschter, mat deene mir zesumme schaffen.
Eng intensiv Zesummenaarbecht tëscht LiewenDohemm, der Betreierin an der Famill ass wichteg.
Eis Zil ass et datt d’Zesummenaarbecht tëscht eiser Betreierin an dem Client frëndschaftlech oder esouguer familiär ass, an awer och kloer Limitte wat déi perséinlech Privatsphären ugeet, huet.
Wann esou een Ëmgang net méiglech oder net erwënscht ass, dann ënnerstëtze mir alternativ, eng Form vun Zesummewierken, déi méi de renge Charakter vun enger Déngschtleeschtung huet.
Eis Roll ass et awer, zu all Moment dofir ze suergen, datt de Respekt an d’Wäertschätzung tëscht de Parteie besteet.