Vertraulechkeet






Reglement zum Dateschutz

D’Reglement N° 2016/679 vun der Europäescher Gemeinschaft gëtt RGPD genannt, als Ofkierzung vun «règlement général sur la protection des données» oder nach GDPR als Ofkierzung vum Engleschen «General Data Protection Regulation». 

Dës Reglement beschreift de Schutz deen agehale muss gi wann eng Firma mat perséinlechen Donnéeë vun engem Client schafft.

Dëst Reglement verstäerkt d’Rechter vum Eenzelen a vereenheetlecht de Schutz an der Europäescher Union.

LiewenDoheem gëtt Iech am Besonnesche folgend Rechter an deem mir dëst GDPR Reglement uwenden :

   D’Recht ze wësse wat fir eng perséinlech Donnéeë mir iwwert Iech erfaasst hunn ;

   D’Recht fir den Inhalt zu den Donnéeën déi Iech betreffen ze wëssen, an ze korrigéieren ;

    D’Recht fir eis ze verweigeren är perséinlech Donnéeën ze späicheren ;

    D’Recht fir datt är perséinlech Donnéeën, no enger gewëssener Zäit nodeem si net méi gebraucht ginn, « vergéiss » (=geläscht) ginn ;

       D’Recht fir eise Gebrauch vun äre perséinlechen Donnéeën anzeschränken.

Direkten Zougrëff

Facebook
Facebook