Wee benotz eis Déngschter ?
Et ass net esou einfach, eng friem Persoun a sengem Doheem zu hunn. Aus deem Gronn wiele mir eis Familljen-Betreierinnen net nëmmen no hirer berufflecher Qualifikatioun aus, mä och an deem mir hir Fäegkeeten zum sozialen Ëmgang mat eelere Leit mat an d’Betruechtung huelen.
- Persounen déi eng op d’Mooss gemaache Begleedung sichen
- Persounen déi kierperlech ageschränkt sinn an eng permanent Hëllef brauchen
- Persounen déi dement sinn oder Alzheimer hunn
- Persounen déi an der Beweegung ageschränkt sinn, wéi Patiente mat MS oder ALS
- Persounen déi eng schwéier Operatioun hannert sech hunn
- … an esouguer Familljen déi eng Nounou fir hir Kanner sichen
Mir couvréiere 24 Stonne mol 7 Deeg fir eise Clienten de Komfort an déi Sécherheet ze bidden, déi si brauchen.
Mir si komplementar zu de spezialiséierte paramedezinesche Fleegedéngschter, mat deene mir zesumme schaffen.